Bal ee Véierel vun der Populatioun iwwer 16 Joer huet mat op d'mannst mat engem chronesche Gesondheetsproblem ze kämpfen an dogéint muss eppes gemaach ginn. Dat ass eng vun de Konklusioune vum Rapport "gesond Gesellschaft duerch Präventioun" vum nationale Gesondheetsobservatoire.