![](https://static.rtl.lu/rtl2008.lu/nt/p/2024/07/20/16/737cb627e369345a800f49395b8255c7.jpeg)
Dat australescht Great Barrier Reef huet ëmmer nees mat bedrolechen Zuelen iwwer Korallestierwe Schlagzeile gemaach. Trotzdeem behaapte klimaskeptesch Stëmmen a Sozialen Netzwierker, dass am Joer 2024 eng Rekordzuel u Koralle bäikomm wär. Den Informatioune vun der australescher Mieresagence no goufen d'Donnéeë fir 2024 awer nach guer net verëffentlecht.