Den 19. an 20. Oktober war nees d'Military Challenge an der Géigend vu Lëlz an Ënsber mat engem Circuit vu 17 Kilometer a 14 Hindernisser.
Beim Match géint Tottenham, deen d'Red Devils jo mat 2:0 gewanne konnten, hat de Cristiano Ronaldo fir Opreegung gesuergt.
D'Regierung wëllt den Undeel vun der Photovoltaik bei der Stroumproduktioun weider ausbauen.
Am Kader vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters hat d'Raphaelle Dickes d'Geleeënheet, déi fréier Nummer 1 am Dammentennis ze interviewen.
D'Lëtzebuergerin huet sech mat 3:6 an 1:6 géint d'Kim Clijsters aus der Belsch misse geschloe ginn.
En Däitschen, deen zanter 1995 wéinst dem sexuelle Mëssbrauch vu Kanner gesicht gouf, ass en Donneschdeg am spuenesche Gran Canaria festgeholl ginn.
E Mëttwoch an en Donneschdeg hu sech d'Vertrieder vun den nationale Krisenzentre vu Lëtzebuerg, der Belsch an Holland getraff.
Gratis Schoulbicher, gratis Kannerbetreiung, gratis Schouliessen, gratis ëffentlechen Transport, da komme nach Primme fir de Vëlo, den Elektroauto an d’Elektroborne fir doheem. A da gouf nach an der leschter Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel annoncéiert, dass de Staat d’Käschte fir eng Fotovoltaikanlag bei all nei Konstruktioun iwwerhëlt. D’Politik gëtt sech – och nach elo an der Kris – spendabel. Wéi sënnvoll ass dat, freet sech d’Monica Camposeo a sengem Commentaire.
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.139 bliwwen ass.
An der Rue de Luxembourg um Rouscht sinn en Donneschdeg géint 14.12 Auer 3 Autoen net laanschtenee komm.
D'Lëtzebuergerin hat e Retard vun zwou Minutten an 51 Sekonnen op d'Gewënnerin Kata Blanka Vas.
Aus dem Wocheréckbléck vun der Santé geet ervir, datt tëscht dem 10. an dem 16. Oktober 2.855 Persoune positiv op de Coronavirus getest goufen.
Am Iran ass dat 15 Joer aalt Asra Panahi u senge Blessure gestuerwen, nodeems et vu Beamten an Zivil geschloe gouf.
Bei engem Asaz an Zesummenhang mat engem arméierte Mann missten d'Pompjeeë vun Dresden 6 Polizisten aus engem brennende Gebai retten.
No just 6 Wochen um Posten als Premierministesch huet d'Liz Truss um Donneschdeg de Mëtteg matgedeelt, dass si zerécktrëtt.
Rumänien a Bulgarien sollen opgeholl ginn. Eng entspriechend Resolutioun soll um Donneschdeg zu Stroossbuerg ugeholl ginn.
Dat steet am neie 5-Joresplang, deen den zoustännege Minister Lex Delles en Donneschdeg presentéiert huet.
D'Police warnt op en Neits viru falsche Polizisten. Et géife sech nach ëmmer Onéierlecher als Beamten ausginn, fir besonnesch eelere Leit Suen ofzeluchsen.
De WBC-Champion am Schwéiergewiicht Tyson Fury wäert säin Titel den 3. Dezember géint den Dereck Chisora verdeegen.
De WBC-Champion am Schwéiergewiicht Tyson Fury wäert säin Titel den 3. Dezember géint den Dereck Chisora verdeegen.
Wéi d'Adem en Donneschdeg matdeelt waren Enn September 14.133 Leit op der Sich no enger Schaff. Dat sinn der 1.500 Leit manner, wéi nach virun engem Joer.
Nach eng 170 Salariéeën, vu virdrun 230, sinn do ugestallt, hunn awer schonn zanter Summer net méi vill do ze dinn.
De Projet Google Data-Center zu Biissen wier net dout, mee léich de Moment op Äis, seet den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot.
D'Police war e Mëttwoch géint 10 Auer geruff ginn, well en aggressive Mann an engem Buttek an der Stad geklaut hat an dono geflücht war.
D'Police sicht am Kader vun engem Accident de 16. Oktober an der Rue de Luxembourg zu Buer no Zeien.