Ma engem historesch schlechte Resultat (5:0) géint Mönchengladbach flitt Bayern München iwwerraschend schonn an de Siechzéngtelsfinallen aus dem DFB Pokal.
Dës Demande goufe vum Konjunkturcomité de 26. Oktober fir den nächste Mount acceptéiert. Bal 11.400 Salariéen sinn an dësem Fall concernéiert.
An der drëtter Ronn vun der hollännescher Coupe huet Sparta Rotterdam mat 2:0 zu Veenendaal gewonnen.
D'Résidence huet géint d'Ekipp aus Éisträich mat 0:3 verluer.
Méi wéi 96 Prozent vun de Säite vun der Ofschlossaarbecht wieren ofgeschriwwen. Op dës Problematik reagéiere Politiker vu Majoritéit an Oppositioun.
“D’Asservatekummer” oder ”Salle des pièces a conviction” ass déi Plaz, wou d'Justiz d'Beweismaterial vu Strofdoten oder vu Verbriechen stockéiert.
Dacks gi si eréischt aus dem Haus, wann anerer schonn hire Feierowend genéissen oder esouguer fest schlofen.
Am Januar dëst Joer war de Präis op der Bourse nach op engem normalen Niveau. Zanterhier ass de Gas ëm dat fënneffacht op historesch Héichte geklommen.
Eventuell Sanktiounen duerch d'Uni géinge vun den Erkenntnisser ofhänken, déi een duerch d'Enquête gewënnt. Dat gouf an engem Communiqué matgedeelt.
Um Mëttwoch den Owend spillt d'Residence Walfer, de Lëtzebuerger Champion am Damme-Volleyball, an der 32tels-Finall géint Niederösterreich Sokol/Post.
D’Plagiatsaffär vum Xavier Bettel ass äusserst penibel fir hien. Datt de Premier 1999 de gréissten Deel vu senger Ofschlossaarbecht op der Uni einfach kopéiert huet ass awer net just penibel, et gëtt och e ganz schlecht Signal no Baussen, sou de Fränz Aulner an dësem Tëscheruff.
D’Recette bei der Gesondheetskeess klammen dëst Joer ëm 4,9%, also e Stéck manner wéi d’Depensen, déi ëm 6,9% eropginn.
De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet en Donneschdeg um Hallefnuecht ëm 2,3 Cent erop op dann 1,418 Euro de Liter.
D'Santé deelt mat, datt d'Zuele vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 843 läit.
D'Justiz- a Familljeministesch hunn e Pilotprojet virgestallt, mat deem Ex-Prisonéier an den nächsten 2 Joer den Accès fir eng Wunneng erliichtert kréien.
D'véiert Covid-Well ass der Ministesch Lenert no do. D'Zuelen vum Wocheréckbléck ënnermaueren dëst.
Vun e Freideg den Owend um 19 Auer bis e Méindeg den Owend um 20 Auer ass d'Bréck a Bartreng tëscht de Rondpointe Stroossen a Bartreng fir den Trafic zou.
Dës Kollektivvertrag gëllt vum 1. Januar 2021 bis den 31. Dezember 2023.
En Dënschdeg waren 32 Polizisten an ee Member vun der Hondsstaffel vun der Douane am Garer Quartier an zu Hollerech fir eng gréisser Drogekontroll am Asaz.
De Mëttwoch ginn et op enger Pressekonferenz méi Detailer zu dem Accident, bei deem den Alec Baldwin aus Versinn eng Kamerafra erschoss huet.
Dës Decisioun huet den europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg e Mëttwoch geholl.
Um Mëttwoch ass an Hong Kong e verschäerft Filmzensurgesetz a Kraaft getrueden, dat al Filmer géint Verstéiss vun der nationaler Sécherheet bestrooft.
Um Dënschdeg de Mëtteg huet déi Lëtzebuerger Futtball-Dammennationalekipp, an hirer éischter WM-Qualifikatioun iwwerhaapt, 3:2 an Nordmazedonien gewonnen.
D'Gewerkschaft FIFPro ass zouversiichtlech, datt d'Männer-Weltmeeschterschaft an Zukunft wéi gewinnt am Véierjoreszyklus organiséiert wäert ginn.
Déi jonk Fra, déi zu Düsseldorf lieft, war mam Vëlo ënnerwee, wéi et zum Accident koum.