Am zweete Match vum Grupp A konnt sech Serbien mat 2:1 am Aserbaidschan duerchsetzen.
En Dënschdeg gouf d'Suite vun de Gruppen E, G an H gespillt.
Enn 2019 gouf mat Suchtberodung Online eng digital Ulafstell lancéiert fir Jonker mat Ofhängegkeetsproblemer.
Zwee Joerzéngten huet en um Bockel. De Projet Nordstad. Elo sollen endlech Neel mat Käpp gemaach ginn.
En Dënschdeg gouf an der Stad „d'Haus Delta" ageweit, an deem vun Abrëll dëst Joer u bis zu 32 Persounen en Iwwerdaach kënne fannen.
En Dënschdeg den Owend trëfft déi Lëtzebuerger Nationalekipp op de Cristiano Ronaldo a Co.
D'Anil ass iwwerzeegt, datt et nach ze fréi ass, fir zu Lëtzebuerg iwwert eng Impfflicht fir de Gesondheets- a Fleegesecteur ze diskutéieren.
Millioune Syrer sinn op der Flucht, d'Land ass zu groussen Deeler zerstéiert an de Biergerkrich geet weider.
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 743 läit.
De Spiller aus Polen hat sech an der Partie vun der Weltmeeschterschaft-Qualifikatioun géint Andorra d'lescht Woch um Knéi blesséiert.
Dat äntwert d'Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten-Deputéierte Sven Clement a Marc Goergen.
En Dënschdeg koum et géint 14.30 Auer zu engem uergen Accident zu Schankweiler heivir an der Äifel.
D'Rumeuren zirkuléieren, nodeem näischt aus dem Projet vum peruanesche Kach Gaston Acurio gouf.
An Däitschland huet déi staatlech Impfkommissioun recommandéiert, just nach Leit iwwer 60 mam schweedesch-brittesche Vaccin ze impfen.
D'CSV mécht weider Drock, wat d'Stierffäll a Cipaen am Land ugeet.
En Dënschdeg hunn d'Organisateure vum Ironman 70.3 zu Réimech matgedeelt, datt d'Sportmanifestatioun op den 11. September no hanne geluecht gouf.
Den Dylan Pereira huet mam Porsche Supercup nach eng Rechnung op. Hien wäert och 2021 am Lechner-911 starten.
Den OGBL an den LCGB fuerderen Explikatioune vun der Regierung am Zesummenhang mam Verkaf vu Paul-Wurth-Parten un den däitsche Grupp SMS.
Bei enger Kontroll e Méindeg den Owend am Park Laval zu Esch gouf Cannabis, Kokain an eng gewëss Zomm Boergeld bei zwee Männer fonnt.
Weider freet de Parquet eng Prisongsstrof vun 3 Joer, dovunner 2 op Sursis, fir den Haaptverantwortlechen, e fréiere Manager.
D'Ausgangsspär an der Nuecht hätt méi e groussen Impakt wéi d’Schoulen zoumaachen.
Persounen tëschent 65 an 69 Joer kënne vun dëser Woch u mat enger Invitatioun rechnen, fir sech impfen ze loossen.
Op der N22 tëscht Useldeng a Béiwen un der Atert koum et en Dënschdeg de Mëtteg zu engem schroen Accident.
Dauer-Zoff, Mësstrauen, en déiwe Gruef tëscht Partei a Fraktioun, vill ugesammelt knaschteg Wäsch, riseg Egoen - d'CSV ass aktuell net ze beneiden. 3 Woche virum Kongress gesäit et méi no "Burn-Out" aus wéi no "Renouveau" - dat mengt de Roy Grotz a sengem Commentaire.
Et wier net ze verstoen, dass d'Personal am Prisong net och - esou wéi d'Detenuen - prioritär geimpft gëtt, bedauert d'Associatioun vun de Giischtercher.