De Mediendirekter aus dem Vatikan schreift et dierft een net vergiessen, wat de Benoit de 16. géint d'Pedophilie vu Geeschtlechen ënnerholl hätt.
Iwwert déi lëscht Joerzéngten hu sech ëmmer méi Institutiounen zu Lëtzebuerg niddergelooss - mee kéint sech dat mat engem neie Rapport änneren?
2023 gëtt e Super-Waljoer, mat de Gemengewalen am Juni an de Chamberwalen am Oktober. Elo scho gëtt iwwert d’Spillreegele vun der Walcampagne diskutéiert.
De 26. Februar ass de grousse REMIX Opening. Virop gouf e Mëttwoch op enger Pressekonferenz confirméiert, datt eng 25.000 Spectateuren dobäi dierfe sinn.
D'Bréck vun der zukünfteger Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Beetebuerg ass eng vun de gréissten an Europa. Zanter e Mëttwoch steet se! Méi Infoen op RTL 5minutes.
Et ass eng Situatioun déi aktuell méi wéi dausend mol den Dag hei am Land geschitt. Ee positive PCR- oder Schnelltest. An dann?
Den anere Mount wäerte viraussiichtlech mat ronn 13.600 Salariéeën der gutt 2.000 méi kuerzschaffen, wéi nach am Januar.
D'Bestgensmillen gëtt nei amenagéiert. Den aktuelle Restaurant bleift awer gläichzäiteg erhalen.
Déi lescht Woch hu sech méi wéi 15.000 Leit mam Coronavirus ugestach. Dat ass bal en Drëttel méi wéi déi Woch virdrun.
D'US-Autoritéiten hunn e Mëttwoch all d'US-Bierger an der Ukrain opgefuerdert, d'Land sou séier wéi méiglech ze verloossen.
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 946 klëmmt.
Wéi de CGDIS op Twitter schreift, huet et e Mëttwoch um 5. Stack vun engem Appartementshaus zu Esch-Uelzecht an der Rue Victor Wilhelm gebrannt.
E Mëttwoch de Mëtteg ëm 15 Auer ass den Appellsprozess géint den Dr. Benoît Ochs ugaangen.
D'Ried zur Lag vun der Natioun soll dëst Joer nees am Fréijoer gehale ginn - dat verlaangt d'CSV-Fraktioun.
An Däitschland gëtt elo eng speziell Task Force agesat, fir Strofdoten am Messenger-Déngscht Telegram ze suivéieren.
D’Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp spillt dënschdes den 29. Mäerz auswäerts een Testmatch géint Bosnien-Herzegowina.
45 Annoncë fir Posten am Gemengendéngscht sinn ewell schonn op GovJobs ze fannen.
1.338 Betriber krute fir de Februar Kuerzaarbecht accordéiert - dat deelt de Wirtschaftsministère mat, no enger Reunioun vum Konjunkturcomité en Dënschdeg.
Den 38 Joer alen Oleg Nawalny gëtt wéinst strofrechtleche Virwërf gesicht, sou de russeschen Inneministère zu Moskau an enger Erklärung e Mëttwoch.
Zënter ronn zwee Joer mécht de Chrëschtleche Gewerkschaftsbond op d'Situatioun vun dëse Leit opmierksam.
Ee schroen Accident gouf et an der Nuecht op e Mëttwoch géint 2.40 Auer an der Lonkecher Strooss zu Rodange.
D'Omikron-Variant huet aktuell Auswierkungen op den RGTR-Bustrafic am Land. Op Linne kann et zu Ausfäll vun Trajeten oder der kompletter Linn kommen.
D'Piratepartei, déi Gréng an d'ADR hunn an de leschten 3 Joer am meeschte fir Reklammen op de soziale Medien ausginn. Dat huet Reporter.lu gemellt.
An der Kategorie "bescht weiblech Haaptroll" gëtt et eng Nominatioun fir d'Lëtzebuerger Actrice, dat fir hir Roll am Film "Serre moi fort".
Ënner anerem dat fuerdert d'ULC an engem Schreiwes e Mëttwoch de Moien.