Um 23 Auer musse Restauranten a Bistroen zoumaachen. D’Spärstonn, déi nach bis den 28. Februar gëllt, steet an der Kritik.
Wärend dem Corana-Lockdown gouf vill Tëlee gekuckt. Ma de weltgréisste Streamingdéngscht huet et den Ament awer schwéier, nei Abonnenten ze kréien.
Op engem Stage zu Iechternach hat d'FSCL de Joergang 2006 an 2007 zesummegezunn, fir d'Preparatioun op déi nei Saison ze starten.
Kuerz virun 18 Auer war e Sonndeg den Owend an de Gemenge Réimech a Stadbriedemes de Stroum ausgefall.
70 Arrestatiounen an dräi Polizisten an 12 Demonstrante koume mat Blessuren an d'Spidol, sou de Bilan vun der Bréisseler Police e Sonndeg den Owend.
Beim Optakt vun der Rallye-Saison 2022 gewënnt de Sébastien Loeb op Ford Puma virum Sébastien Ogier (Toyota Yaris) an dem Craig Breen (Ford Puma).
Bis ewell war ëmmer just rieds vu Partye wärend dem Lockdown an der 10 Downing Street, also der offizieller Residenz vum brittesche Premier.
Real Madrid entgeet knapp enger Blamage géint Elche a Wolfsburg verléiert nees. An Italien schéisst Roum dräi Goler bannent véier Minutten.
London reprochéiert Moskau elo, ze versichen an der Ukrain eng pro-russesch Féierung asetzen ze wëllen.
Iwwerdeems ka Rëmeleng an der Relegatioun géint Réiden wannen. An der AXA-League bei den Damme goufen et Victoirë fir Diddeleng an de Museldall.
Invité an eiser Sportemissioun um Sonndeg den Owend um Radio war de Me Marc Theisen. De Lëtzebuerger ass de juristesche Beroder vun der Famill Coman.
Um zweeten Dag vum Sprangen zu Titisee-Neustadt gewënnt den Däitsche Karl Geiger virum Anze Lanisek aus Slowenien a sengem Landsmann Markus Eisenbichler.
De 75 Joer ale Jean-Jacques Savin ass beim Versuch, mat engem Rudderboot iwwert den Atlantik ze fueren, ëm d'Liewe komm.
Et ass déi éischt Delegatioun vun den Taliban, déi an Europa ass, zanterdeem d'Taliban am Summer d'Muecht am Afghanistan nees iwwerholl hunn.
Eng allgemeng Impfflicht ass och an der Belsch um kommen an ëmmer méi Leit si vun dëser Mesure iwwerzeegt.
Den Däitschen verléiert an 3 Sätz géint den Denis Shapovalov aus Kanada.
No deeglaange Kämpf no enger Attack vum Islamesche Staat op e Prisong am Norde vu Syrien sinn op d'mannst 120 Doudeger ze bekloen, dorënner 7 Zivilisten.
An der Nuecht op e Sonndeg huet d'Police och e puer Mol missen agräifen, well sech Leit an den Hoer haten. Zu Handgräiflechkeete koum et awer net.
Un der Küst vu Peru koum et nom Vulkanausbroch op der Insel Tonga zu engem Tsunami an elo enger Uelegpescht.
Bei engem Camionsaccident an der Géigend vun Danville e Freidegnomëtteg Lokalzäit si 4 vu ronn 100 Afen aus dem Gefier entwëscht.
E Sonndeg vun 18 Auer u kritt den Tabellenzweeten et mam -drëtten ze dinn. Dir kënnt d'Partie am Livestream an der RTL Sport Live Arena suivéieren.
Wéi de CGDIS mellt, koum et op e puer Plazen am Land zu e Tëschefäll op eise Stroossen. Zu Bouneweg an tëscht Lampech a Piisseng hat et gebrannt.
No der Defaite am Allersmatch huet missen eng Victoire géint d'Belsch fir d'FLH-Formatioun eraussprangen. Um Enn spillt Lëtzebuerg awer just 27:27-Gläich.
Den Tom Schumacher feiert als neien Trainer vum T71 direkt seng 1. Victoire iwwerdeems bei den Dammen d'Sparta an och Wolz an d'Relegatioun mussen.