Eng kleng Sensatioun gouf et am Match tëscht St. Pauli an Dortmund. Den Titelverdeedeger ass géint den Zweetligist an der DFB-Aachtelsfinall rausgeflunn.
Dëst huet ënner anerem d'Unicef sech virgeholl. Dofir ginn zanter Wochen, jo souguer Méint, dës Länner mat Impfstoff beliwwert.
Een Expertegrupp vu Wëssenschaftler, déi vun der Regierung hiren Avis gefrot goufen, roden op de Wee vun enger partieller Impfflicht ze goen.
Wéini gëllt een als geboostert, wann een Johnson&Johnson krut? A wéi ginn déi ënnerschiddlech Impfschemae mat deem Vaccin op den Zertifikater festgehalen?
En Dënschdeg den Owend hunn déi Responsabel vun der Gemeng zwee grouss Projeten der Ëffentlechkeet virgestallt.
Diddeleng bleift den Ament däitlech hannert den Erwaardungen zeréck an huet no 17 Spilldeeg nëmme 6 Victoiren um Kont.
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 2 geklommen ass an elo bei 940 läit.
Zu Bouneweg an der Rue du Laboratoire gouf géint 11 Auer e Vëlo vun engem Auto ugestouss.
Nodeems e Mataarbechter an e Client an enger Déierenhandlung positiv getest goufen, huet een de Virus och bei 11 Déiere festgestallt.
Et ass en akuten Challenge, fir mat de villen Ausfäll an der Schoul eens ze ginn, sot den Educatiounsminister an der Chamber.
Dramberuff: Radiosreporter an Animateur? Wann dat esou ass, da kéint Dir an d'Ekipp vun der Radio-Animatioun passen!
Deen een oder aneren dierft e Militärfliger gesinn hunn, deen deels op niddereger Héicht e puer Schlaufen iwwer der Stad Lëtzebuerg geflunn ass.
Am Alter vun 81 Joer ass d'Lëtzebuerger Schauspillerin Sophie Proost gestuerwen.
Am éischte Lockdown am Joer 2020 hu vill Leit hir Pläng missten no hanne réckelen. D'Fransousen hunn hir Hochzäiten an d'Kannerkréien elo awer nogeholl.
Et ass een iwwerraschenden Deal: D''Xbox-Firma aus Redmond keeft déi ugeschloen Activision Blizzard fir 69 Millarden Dollar
Zanter 2021 besteet eng Partnerschaft tëscht dem Syndicat Tice an der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022.
D’Manifestatioune géint d’Covid-Mesuren hu rezent eng Diskussioun lassgetrëppelt, iwwert wéi Demonstratioune gesetzlech encadréiert solle ginn. An der zoustänneger Chamberkommissioun d’lescht Woch gouf en deementspriechend Gesetz ugekënnegt. D’Demonstratiounsrecht an domat d’Recht op Meenungsfräiheet dierfen awer net disproportionéiert ageschränkt ginn, warnt d’Fanny Kinsch a sengem Commentaire.
Um Dënschdeg steet an der Chamberplenière den Naturschutz op der Lee. Dat entspriechend Gesetz gëtt adaptéiert.
E Sonndeg gouf an Éisträich de fäerdege Gesetzesentworf zur allgemenger Covid-Impfflicht virgeluecht.
Wéi d'Police um Dënschdeg de Moie mellt, gouf d'Fra fir d'Lescht de 15. Januar zu Beefort gesinn.
D'Europäesch Medikamentenagence warnt virun ze vill boosteren. All 3-4 Méint eng Covid-Imfpung ze kréien, wier keng sënnvoll an nohalteg Strategie.
De Verwaltungsrot vum Centre Hospitalier du Nord huet e Méindeg den Owend den Dr. Paul Wirtgen als neie Generaldirekter confirméiert.
D'DP an déi Gréng si fir eng Impfflicht, wéi se vun engem Expertegrupp proposéiert gouf, d'LSAP wëll hir Positioun en Dënschdeg nach net verroden.
Scho fir déi zweete Kéier bannent dësem nach kuerze Joer gouf a Mexiko e Journalist ëmbruecht.
London liwwert Kiew Waffen, fir sech am Fall vun enger russescher Invasioun géint Panzere kënnen ze wieren.