RTL-Informatiounen no soll et e Changement un der Spëtzt vum Handball Club vun Esch ginn.
Den LSAP-Politiker ass liicht z'erkennen. Meeschtens ass hien de gréissten am Raum. Imposant an e weess sech duerchzesetzen.
Vun e Méindeg un ass den Impfzenter an der Luxexpo um Kierchbierg op. Dat ass de 5. Impfzenter zu Lëtzebuerg. Hei ginn dann nëmme Booster-Impfunge gemaach.
D’Taxisbranche leit nach ëmmer ënnert der Pandemie. Weider Suerge mécht déi geplangte Liberaliséierung vum Secteur.
Vun e Méindeg u gëllen nei adaptéiert Prozeduren an de Schoulen, wann ee positiv op Corona an der Klass getest gouf.
An der Stad war den éischten Tëschebilan éischter enttäuschend, an de Grande-surfacen dogéint kann ee sech aktuell net bekloen.
D'Schied, déi d’Joerhonnerthéichwaasser zejoert hannerlooss huet, sinn enorm. Nach haut hu vill privat Leit a lokal Betriber mat de Konsequenzen ze kämpfen
Eng Fläch an der Gréisst vun den USA misst mat Beem beplanzt ginn, fir dem CO2 an eiser Atmosphär Meeschter ze ginn.
D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschten 72 Stonne 3.835 Neiinfektioune registréiert goufen.
E Méindeg am Nomëtteg huet de Lëtzebuerger Cyclist op Twitter offiziell matgedeelt, datt hie senger Karriär een Enn setzt.
Lescht Woch huet d'Police nees verstäerkt kontrolléiert, ob sech un d'sanitär Virschrëfte gehale gëtt. Ronn 70 Kontrolle goufen an deem Kader gemaach.
Eng Email vun der Europäescher Police mécht am Moment den Tour, an där behaapt gëtt, d'Persoun, déi d'Mail kritt, wier als Pedophillen entlarvt ginn.
Fir den Optakt vum neie Joer vum Podcast "Drëtt Hallschent, de Sport-Talk" ass den Dan Kersch dës Woch Invité.
Déi schwedesch Premierministesch huet e Méindeg eng Rei verschäerfte Corona-Mesuren ugekënnegt. "D'Situatioun mécht et néideg", esou d'Magdalene Andersson.
Vum 24. Januar bis de 5. Februar ass déi 58. Editioun vum Autosfestival. D'Autosfederatioun Fedamo huet dëse Méindeg d'Detailer presentéiert.
De Policeminister Henri Kox confirméiert, dass et de Samschden och Demonstratiounen an der Stad gouf, déi net ugemellt waren.
Wéi Eurostat e Méindeg matgedeelt huet, wier de Chômage an der Eurozon am November ëm 0,1 Prozent op elo 7,2 Prozent erofgaangen.
Wéinst textuelle juristeschen Onsécherheeten opposéiert sech de Staatsrot a sengem Avis formell op 4 Punkten.
De fréiere Generalsekretär Marc Ruppert huet d’DP verlooss a wëll mam fréieren CSV-Parteipresident Frank Engel eng nei Partei opbauen.
Experte schwätzen vun engem „Schauprozess“ – deen en plus net ëffentlech war – deemno gouf et och keng Reaktioun vun der Aung San Suu Kyi.
D'Raiders wéi och d'Steelers hu bis an d'Nopillzäit vum Raidersmatch missten zidderen, d'Colts an och d'Chargers hu sech d'Playoff selwer verschass.
No enger siwe Joer laanger Paus mellt sech de belsche Museker Stromae nees mat engem neien Album an enger Tour zeréck.
E Méindeg de Moien koum et eppes no 8 Auer zu engem Brand an engem Eefamilljenhaus zu Steesel an der Rue de la forêt.
Den 2 Méint ale Sohail Achmadi war Mëtt August verluer gaangen, nodeems hien engem US-Zaldot iwwert den Drot gereecht gi war, fir net erdréckt ze ginn.
E Méindeg de Moie géint 7.30 Auer sinn um CR118 2 Autoen net laanschtenee komm. Zwou Persoune goufe blesséiert.