Méi Vëlo, manner Auto, manner Restaurant a Café, méi Ausgabe fir Liewensmëttel a Gedrénks - datt d'Konsumgewunnechte vun de Lëtzebuerger sech wärend dem Pandemie-Joer 2020 geännert hunn, dierft wuel keen iwwerraschen. Elo gëtt eng nei Statec-Publikatioun e puer Ablécker an d'Akafsverhale vun de Stéit. Wéi et schéngt, gouf net onbedéngt manner consomméiert, ma anescht. Entwécklungen, déi et sech lount am A ze halen, fënnt d'Fanny Kinsch a sengem Commentaire.