Mir impfen esou vill et geet mat esou vill Impfstoff ewéi es do ass – eng Ausso, déi een déi leschte Méint dacks vu Regierungssäit ze héiere krut. Zu Zäiten, wou och zu Lëtzebuerg just nach op d'Annonce vum Impfpass oder nationale Certificat gewaart gëtt – geet natierlech d'Onrou ronderëm: a wat ass mat deenen, déi d'Chance fir d'Piqûre nach net kruten – a se warscheinlech eréischt spéit oder vläicht och guer net méi dëse Summer kréien? Den Tim Morizet mat engem Commentaire.