Et war esou ëm d’Päischten, et stoung Alles an der Bléi a mat de Bléien a mam Hellege Geescht koum d'Pub an d'Haus. Se koum fir genee ze sinn een Dag virum Saint Esprit. Et war dee ville faarwege Pabeier, deen an der Lokalzeitung dra louch. Déi vill méi schwéier war wéi normal. An heavy waren eben déi vill Prospekter.