Et ass mëttlerweil 10 Deeg hier, dass den Afro-Amerikaner George Floyd gestuerwen ass. Dat well e wäisse Polizist him bei engem Asaz minuttelaang de Knéi op den Hals gedréckt huet. An den USA an och soss iwwerall op der Welt huet déi onnéideg Police-Gewalt Protester géint Rassismus ausgeléist.