Am Kader vun der Staatsvisitt vun der groussherzoglecher Koppel an der Belsch, war en Dënschdegowend e Staatsbankett um Schlass Laeken.
De BVB huet sech 4:2 géint Atletico Madrid duerchgesat. Paräis huet zu Barcelona mat 4:1 gewonnen.
"D'Parlament mécht sech e Stéck méi wäit op, et gëtt e Stéck méi transparent", sou de Chamberpresident Claude Wiseler dozou en Dënschdeg.
Fir d'éischt emol, well d'Oktav nach ëmmer net um Knuedler, mee bei der Gëlle Fra ass. Mee och well sech net u Reegele gehal gi wär.
D'CSV huet en Dënschdeg hire Programm fir d'Europawalen den 9. Juni virgestallt.
Mobbing ass net just am Schoulhaff mol iwwert ee laachen, mee d'systematescht Ausgrenze vun enger Persoun, verbal, physesch an ëmmer méi och am Internet.
Op der Streck tëscht Kietscht an dem Risenhaff ass en Dënschdeg de Mëtteg en Auto an e Bam gerannt. D'Strooss ass aktuell nach zum Deel blockéiert.
Engem Gesetzesprojet no, deen den Accueil vu placéierte Kanner a Fleegefamillje soll nei reegelen, wäert et fir dës Eltere kee Congé parental ginn.
Wie vun e Mëttwoch u säin Bensinner opfëllt, muss e bësse méi déif an d'Täsch gräifen.
D'Femke Halsema ass zanter 2018 Buergermeeschtesch vun Amsterdam. Enger Stad, déi fir hir tolerant Approche géigeniwwer Cannabis bekannt ass.
E Méindeg huet de Regierungsrot decidéiert, d'Reform vum Loyersgesetz endlech ze deblockéieren. Dat awer ouni den ëmstriddene Loyersdeckel.
En Dënschdegmoien an am Nomëtteg haten d'Rettungsekippe vum CGDIS nees vill ze dinn.
E Generalist aus dem Oste vum Land, deem "abus sexuels" virgeworf gëtt, bleift weider an Untersuchungshaft, dat krut RTL vum Parquet op Nofro confirméiert.
En Dënschdeg gouf am anticken Olympia d'olympesch Flam fir d'Summerspiller 2024 entzünt. De 26. Juli soll se zu Paräis ukommen.
Déi zwee Presidenten, den FLF-President Paul Philipp a säi franséischen Homolog Philippe Diallo, haten an de leschte Woche vill Kontakt.
De 5. a 6. Juli ass am Éislek nees eng méi lass. Op der 25. Editioun vum Open Air Housen suergen national an international DJe rëm fir gutt Stëmmung.
An de leschte Méint huet d'Gewalt vun den arméierte Banden zu Port-au-Prince enorm zougeholl an den haitianesche Gesondheetssystem ass um Zesummebriechen.
Et geet ëm d'Sektioun N, déi op Manager-Capacitéiten a Marketing spezialiséiert ass. Den Entrepreneurs- an Initiative-Geescht soll promouvéiert ginn.
De Pierre Reding, Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch, iwwerhëlt als Direkter "faisant fonction" d'Geschécker beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.
E klenge Liichtbléck gouf et e Méindeg op enger Donateurskonferenz zu Paräis, wou déi international Communautéit iwwer zwou Milliarden Euro zougesot huet.
Déi geplangten Ännerungen um Loyersdeckel ginn aus der Reform vum Loyersgesetz gestrach.
Den neien Trikot vun der Nationalekipp steet ganz am Zeeche vum Roude Léif. Dësen ass am rouden Trikot grouss mat agebonnen, dat an enger anerer Nuance.
Den neien Trikot vun der Nationalekipp steet ganz am Zeeche vum Roude Léif. Dësen ass am rouden Trikot grouss mat agebonnen, dat an enger anerer Nuance.
D'Verwaltung vum Kadaster weess net, wéi vill Grenz-Bornen nach d'Grenze mat den 3 Nopeschlänner markéieren.
Vum 7. bis den 9. Mäerz 2025 si 5 Optrëtter an der Rockhal zu Esch geplangt.