D'Lëtzebuerger Damme kruten et um Freideg den Owend zu Esch viru 511 Zuschauer mat Albanien ze dinn.
De Weekend steet am Cyclissem Paris-Roubaix um Programm. Nieft den Hären e Sonndeg gëtt e Samschdeg och d'Dammecourse gefuer.
Wann et elo am Abrëll bei Iech doheem schellt, da kéint d'Rout Kräiz virun der Dier stoen.
D'lescht Woch gouf am Escher Gemengerot de Projet fir en neien Nuetsfoyer eestëmmeg ugeholl.
Op der fënnefter Etapp vum Tour duerch d'Baskeland goung et iwwer 175,9 Kilometer vu Vitoria-Gasteiz op Amorebieta-Etxano.
Um Freideg huet d'NATO zu Bréissel hire 75. Anniversaire gefeiert. Lëtzebuerg ass jo ee vun den 12 Staaten, déi zanter der éischter Stonn mat derbäi sinn.
De 25 Joer ale Wal huet säi ganzt Liewen am Fräizäitpark Marineland Antibes gelieft, wou hien d'lescht Woch dunn och gestuerwen ass.
En Donneschdeg war bei Chantiersaarbechten zu Bitburg eng Bomm aus dem Zweete Weltkrich fonnt. E Freideg gouf et Detailer zur Entschäerfung e Sonndeg.
En Donneschdeg gouf beim Dortmunder Hafen ee Sans-abri erstach. D'Dot soll gefilmt gi sinn. Een 13 Joer ale Jong steet elo am Zentrum vun den Ermëttlungen.
Zanter dësem Freideg muss ee sech op der Bréck zu Mënsbech och a Richtung Tréier un d'Vitesslimitatioun vun 70 Kilometer an der Stonn gewinnen.
Am Basket ass et d'Nouvelle dass de Fielser Trainer Chris Wulff de Veräin no engem Joer verléisst.
Un déi maximal 3 Planzen, déi een an Däitschland zënter dem 1. Abrëll dierf bei sech doheem hunn, gouf sech an dëser Affär sécherlech net gehalen.
E Freideg den Owend spillen d'Rout Léiwinnen am Stade Emile Mayrisch zu Esch géint Albanien.
D'Magaly Meynadier wiesselt vum Ofsteiger Marburg aus der éischter däitscher Bundesliga bei d'Saarlouis Royals.
Wärend d'Situatioun an der Gazasträif ëmmer weider deterioréiert, ginn d'Appeller vun der internationaler Communautéit ëmmer méi haart.
Géint 11 Auer e Freideg huet e Chauffer aus onbekannte Grënn op der A1 d'Kontroll iwwer säi Camion verluer a blockéiert aktuell déi zwou Spueren.
Europol huet sech an engem Rapport mat der Aarbechtsweis vun de geféierlechsten internationale kriminellen Netzwierker beschäftegt.
Wéi Meteolux mellt, kéint de Saharastëbs an der Loft dem gudde Wieder, dat de Weekend gemellt war, awer nach ee Stréch duerch d'Rechnung maachen.
Et ass wuel de gréissten Déifstall vu Boergeld an der Geschicht vun der US-Stad Los Angeles. Ëmgerechent 27,7 Milliounen Euro goufen op e Coup geklaut.
De Chômagetaux ass déi lescht Méint geklommen an awer feelt et a ville Beräicher u qualifizéiertem Personal.
De Parquet vu Lëtzebuerg huet den Dossier vum Christian Kmiotek, dee sech selwer als Heeschert an der Stad denoncéiert hat, ouni Suitte klasséiert.
De Borges Sanches huet sech an der Partie vum NEC Nijmengen, bei deen hien ausgeléint ass, géint Fortuna Sittard blesséiert.
Wéi den 113 e Freideg matdeelt, goufen d'Beamte vun der Police an de leschte Stonne méi dacks geruff, well an Autoen oder aner Gefierer agebrach gouf.
Zanter Ufank vum Joer goufen et éischter schlecht Nouvellen aus dem Stater Commerce. Vill Butteker maachen zou, virop am Garer Quartier.
Mat dräi Fraen an dräi Männer, gebuer tëscht 1982 an 1999, trëtt Volt Lëtzebuerg bei den Europawalen un.